Zesummen iwwer d’Educatioun schwätzen, dat ass et, wat ech mer fir den Ufank vu mengem zweete Mandat virgeholl hunn. Ech wëll domat uknäppen, un déi konstruktiv Gespréicher, déi ech an der leschter Legislaturperiod hat. An deem Sënn hunn ech d’Initiativ “Bildung am Dialog” lancéiert, eng Initiativ déi sech duerch d’ganz Gesellschaft soll zéien.
An de leschte Wochen a Méint hunn ech an deem Kontext déi méi institutionell Gespréichspartner gesinn, wéi d’Beruffschamberen oder offiziell Gremien aus dem Secteur vun der Educatioun. Donieft souz ech mat e sëllechen Associatiounen, Gewerkschaften a Partner beieneen, déi an der Educatioun schaffen an déi di verschidden Interesse vertrieden. Ech war och a verschiddene vun eise Strukturen um Terrain an hat do d’Geleeënheet, Kontakt mat de Professionellen a mat Kanner a Jugendlechen ze hunn.
En Dialog, dat ass ee Gespréich tëscht op mannst 2 Leit. Et ass ee Schwätzen an an dësem Fall fir mech virun allem och een Nolauschteren. Dee Prozess läit mir um Häerz an ech huele mer Zäit dofir, Zäit déi gutt investéiert ass, an déi nächst 5 Joer an an d’Reformprozesser déi mer wëlle virundreiwen. Ech wëll wësse wou de Schong dréckt fir e kënnen op de Leescht ze huele wann et néideg ass.
Dat Gespréich beschränkt sech awer op kee Fall op Professioneller, mä mäi Wonsch war, fir et sou breet wéi méiglech opzemaachen. Dofir hu mer och 5 Diskussiounsowenter an de verschiddene Regioune vum Land organiséiert, wou jidderee wëllkomm ass: Schüler, Mammen, Pappen, Enseignanten, Gemengevertrieder, Vertrieder vun der Société civile, Bierger, asw.
Learn more / En savoir plus / Mehr erfahren:
https://www.scoop.it/t/luxembourg-europe/?&tag=Digital+4+EDUcation
https://www.scoop.it/t/luxembourg-europe/?&tag=Digital+L%C3%ABtzebuerg
https://www.scoop.it/topic/luxembourg-europe/?&tag=Education
Your new post is loading...