Lëtzebuerger Satellitten-Operateur SES keeft Konkurrent "Intelsat"
RTL|Update: 30.04.2024 11:52
No der Reprise vun Intelsat huet d'SES e Commanden-Carnet an Héicht vun 9 Milliarden, mat Revenue vun 3,8 Milliarden.
Et ass en décke Coup am Satellitten- an Telekommunikatiounsdomaine: fir 2,8 Milliarden Euro iwwerhëlt d'SES de Konkurrent Intelsat a suergt domat fir kloer Relatiounen an deem Secteur.
Wéi et en Dënschdeg de Moie vum Satellitten-Operateur zu Betzder offizialiséiert gouf, hätt een all d'Aktie vun Intelsat iwwerholl - eng Firma, déi u sech sollt d'SES iwwerhuelen, respektiv duerno mam Betzder-Konkurrent fusionéieren.
Dës Verhandlunge waren awer zejoert am Sand verlaf, well et kee Konsens iwwer d'Prioritéite vum Betrib gouf.
Deen neie Satellitte-Leader um Weltmarché huet deemno eng Flott vun 130 Satellitten op geo-stationären a mëttleren terrestreschen Orbit-Positiounen.
Learn more / En savoir plus / Mehr erfahren:
https://www.scoop.it/t/luxembourg-europe/?&tag=SES
En savoir plus / Mehr erfahren / Learn more:
https://gustmees.wordpress.com/2014/08/24/coding-a-new-trend-in-education-and-a-big-responsibility/