Kritt Lëtzebuerg e Silicon Valley? | #Luxembourg #Europe #ICT #Research #DigitalLuxembourg | Luxembourg (Europe) | Scoop.it

D’Entwécklung a Saache Mobilitéit wiere rasant, esou d’Staatssekretärin am Wirtschaftsministère. D'Francine Closener war viru kuerzem op Aarbechtsvisite am Silicon Valley a Kalifornien. Besonnesch an de Beräicher Trafic-Management, Elektromobilitéit an an dem Fueren ouni Chauffer wieren d'Fortschrëtter enorm.

Och Lëtzebuerg hätt an deene Beräicher vill Potential, mengt d'Staatssekretärin. D'Regierung hätt zum Beispill vill an d'Informatik an den ICT investéiert. "Mir hunn eng héich Vernetzung a ganz gutt Daten-Zenteren." Donieft hätt Lëtzebuerg vill Kompetenzen am Automobilsecteur. D'Francine Closener betount, et wier een am Gaang um Rouscht ee grousse Campus opzebauen. "Do sollen déi grouss Playeren am Beräich vun der Recherche zesumme schaffen." Donieft solle sech Start-Upen op deem Campus installéieren.

 

Learn more / En savoir plus / Mehr erfahren:

 

http://www.scoop.it/t/luxembourg-europe/?tag=Digital+L%C3%ABtzebuerg