Nei Sektioun: Ëmweltwëssenschaften am Lycée technique d’Ettelbruck ab der Rentrée 2018-2019 | #STEM #Science #EDUcation #Luxembourg  | Luxembourg (Europe) | Scoop.it
Déi nei Formatioun fir d’Divisioun „technique générale“ gouf des Woch am Kader vun der Lycéesreform vum Educatiounsminister Claude Meisch ugekënnegt.

D'Sektioun „Sciences environnementales“ (SE) am Lycée technique vun Ettelbréck start op der 2e a bitt och d‘1e un.

„Si bereet Schüler souwuel ob d’Beruffsliewe vir wéi och op Universitéits- oder Héichschoulstudien am Développement durable a méi generell an den Domainer Ëmwelt, Ecologie, Écotechnologien, nohalteg Mobilitéit, Kreeslafwirtschaft an erneierbar Energien“, sou den Educatiounsministère a sengem Dossier Presse.

„Déi nei Sektioun féiert d’Bildung fir nohalteg Entwécklung an. Dobäi geet et drëms Jonker an Erwuessener fir d’Komplexitéit vun eiser Gesellschaft ze sensibiliséieren, si ze motivéieren hir Behuelen ze änneren a souwuel um lokale wéi um globalen Niveau als responsabel Bierger ze handelen, virun allem am Hibléck op zukünfteg Generatiounen", sou den LtEtt op senger Internetsait.

Wat si konkret Beruffer a méiglech Employeuren an dësen Domainer?
„Als Beruffer kommen vill nei Beruffer a Froe déi et elo nach net ginn, respektiv nach keen Numm hunn“, äntwert de Guy Putz, Proff am LtEtt. Als konkret Beispiller vu méiglechen Employeuren nennt hien z.B. Enovos, Mobilitéitszentral, Ëmweltverwaltung, Berodung a Mëttel- oder Klengbetriber (z.B. beim Hausbau) oder d'Waasserwirtschaftsamt (zousätzlech Beispiller an der Infobox).

„No der 1e SE kann een och op eng Uni goen an z.B. fir Ingenieur studéieren, méi speziell vläicht op der Uni Lëtzebuerg en Bachelor professionnel an Energie & Environnement maachen“, seet de Guy Putz. Ëmwelttechnik kéint een och z.B. zu Tréier (Birkenfeld), Saarbrécken oder Köln studéieren (Bachelor a Masterstudiegäng).

 

Learn more / En savoir plus / Mehr erfahren:

 

https://www.scoop.it/t/luxembourg-europe/?&tag=Science

 

https://www.scoop.it/t/luxembourg-europe/?&tag=STEM

 

https://www.scoop.it/t/luxembourg-europe/?&tag=Education