Bei Accident mat Wëld: Responsabel reagéieren | Unfall mit Wild | #Luxembourg #Europe  | Luxembourg (Europe) | Scoop.it
Wann een en Déier ze pake kritt, soll ee stoebleiwen, mat de véier Winkeren, den Auto mam Warndräieck ofsécheren an d'Police ruffen. Da kommen d'Beamten op d'Plaz a stellen dem Chauffeur eng Attestatioun aus. Déi brauch een, fir vun der Assurance rembourséiert ze ginn. Et ass och wichteg fir de Fierschter, datt hie weess, datt do en doudegt oder verwonnten d'Déier läit, wat hie kann ofhuele kommen.

Grad aktuell gëllt et dowéinst, wann et däischter ass, Fouss vum Gas an opgepasst, grad op deene Plazen, wou schonn en Dräieck virum Wëldwiessel warnt!

Wann en Déier op der Strooss stoebleift, ass et dann och besser ze tuten, wéi déi grouss Luuchten unzemaachen.

 

Learn more / En savoir plus / Mehr erfahren:

 

https://www.scoop.it/t/luxembourg-europe/?&tag=Code-de-la-route