Duerchbroch an der Parkinson-Fuerschung | #Research #Luxembourg #Europe  | 21st Century Innovative Technologies and Developments as also discoveries, curiosity ( insolite)... | Scoop.it

Et ginn nei Erkenntnisser, wat d'Parkinson-Krankheet ubelaangt. En Duerchbroch fir d'Fuerscher vum "Luxembourg Center for Systems Biomedicine".

Um Ursprong steet en eenzegaartege Prozess: D'Fuersche mat gespenten Hautzelle vu Lëtzebuerger Patienten. De Schlëssel zum Erfolleg läit an der Zesummenaarbecht vum "Luxembourg Center for Systems Biomedicine" mat der Parkinson Research Clinic, der Biobank an dem Fond National de la Recherche. Wärend 7 Joer huet d'Team vum LCSB zesumme mat internationale Kolleege geschafft.  "Eng ganz seele Mutatioun, déi um Ursprong vu Parkinson ass, konnt net just identifizéiert ginn. Ma och d'Manéier, wéi déi Mutatioun derzou bäidréit, dat de Patient krank gëtt, konnt entschlësselt ginn", sou den Dokter Ibrahim Boussaad vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine.

D'Fuerscher ronderëm de Prof. Dr. Rejko Krüger hunn deemno an den Zelle vun engem Patient Substanzen entdeckt, mat deenen et méiglech gëtt, op d'mannst zum Deel, d'Parkinson-Krankheet ze heelen. Klinesch Tester um Mënsch, wat e Medikament ubelaangt, gouf et bis elo nach keng. Just a Kulturen am Labo.

 

Learn more / En savoir plus / Mehr erfahren:

 

http://www.scoop.it/t/21st-century-innovative-technologies-and-developments/?tag=Parkinson